Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin?

Op dësem 3. Adventsweekend kucke mer eis erëm e ganz spezifescht Substantiv un a beliichten dëst aus ënnerschiddleche Perspektiven. An der App war follgende Saz ze iwwersetzen: Samedi, la bourgemestre a tenu un discours. An dësem Saz sinn natierlech erëm ganz vill Wierder immens spannend. Sot Dir Sam[ʃ]deg oder Sam[s]den, gehal oder gehalen, Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin? A jo, dir kënnt iech natierlech denken, wat mer eis haut…

„E Kiwwi“ oder „eng Kiwi“? Variatioun vun der Aussprooch an dem Genus.

Op dësem zweeten Adventsweekend beschäftege mir eis mat eppes ganz Exoteschem – nämlech der Kiwifruucht. Firwat dat? Kiwie si bekannt dofir, extreem vill Vitaminn C z’enthalen an dowéinst ganz gutt gëeegent, eist Immunsystem an dësem kale Wantermount op Trapp ze halen. Mir hunn eis gefrot, wéi eng Variant favoriséiert gëtt, fir déi gréng Fruucht mat pelzeg bronger Schuel ze beschreiwen: Kiwi…

Et ass erëm souwäit: Colloque vun der Luxemburgistik

Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vum geschriwwene Lëtzebuergesch an den digitale Medien, iwwer Sproochepolitik zu Lëtzebuerg an de fiktive Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur bis hin zur Visibilitéit vu Fraen an de Stroossennimm vum Grand-Duché. Wéi och d’lescht Semester…