Fuesboken, Konfetti a Kostümer – Fueskichelcher, Verwuerelter an Nonnefäscht

De leschte Weekend waren d’Fuesboken erëm lass. Et gouf Fuesbaler, Kavalkaden an domat och vill kleng Naschelegkeeten. Op der Kavalkad ginn zwar an éischter Linn “just” Kamellen an aner séiss a pecheg Saache vun de Ween geheit, deen een oder aneren huet déi lescht Deeg a Wochen awer sécherlech och nach eng aner Schneekegkeet giess resp. gebak,…

Details

„Ech schwätze vum Claude Schmit, dem Schmitte Jang sengem Bouf.“

Haut um Dag vun der Mammesprooch presentéiert d’Schnëssen-Ekipp Iech natierlech och erëm e flott Resultat aus der Schnëssen-App. Wat sicht een sech op sou engem Dag wéi haut eraus? Mir duechten eis, et wär emol flott, sech mat enger Kategorie vu Wierder ze beschäftegen, déi mer bis elo nach net gesinn hunn: Anthroponymmen. Dat héiert…

Details

Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…

Details

Wéinst der grousser Nofro: Zweete Workshop iwwert déi lëtzebuergesch Orthografie

Wéinst der grousser Nofro, organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en zweete Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie. Wéini? De 07.02.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer Wou? Maison du Savoir um Belval Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch…

Details