E Réckbléck op den 1. Schnëssen-Workshop – Sproochfuerscher*in fir een Dag

Am Computerraum vun der Maison des Sciences Humaines um Belval sëtzen interesséiert Fraen a Männer mat Kopfhörer op, déi konzentréiert Computertasten erklénge loossen an sech dotëscht ëmmer erëm kuerz austauschen. Dat si wuel Student*innen, déi eppes fir hiert Studium maachen oder Fräiwëlleger, déi un iergendenger vun dësen Etüden, déi d’Uni ëmmer mol erëm mécht, deelhuelen,…

Details

Konferenz ‚Sprooch(en) am berufflechen Alldag zu Lëtzebuerg‘

Universitéit Lëtzebuerg, 22. November 2018 Campus Belval, Maison des Sciences Humaines, Black Box Reng sproochpolitesch gesi war 2017 en interessant a mouvementéiert Joer: D’Sprooche-Petitioune 698 a 725 hunn däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. Déi vum Educatiounsministère organiséiert Orthographies-Campagne schreiwen.lu weist däitlech, dass Diskussiounen…

Details

Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis

Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner…

Details