Wéinst der grousser Nofro: Zweete Workshop iwwert déi lëtzebuergesch Orthografie

Wéinst der grousser Nofro, organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en zweete Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie. Wéini? De 07.02.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer Wou? Maison du Savoir um Belval Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch…

Workshop iwwert déi aktualiséiert a komplettéiert Orthografie

D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft organiséiert an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie. Wéini? Den 31.1.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer Wou? Maison du Savoir um Belval (Raum 4.510) Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch studéiert huet.  …

Eis Schnëssen-Auswäertung um 1. Advent: „Dass“ vs. „datt“

Och dëst Joer wëlle mir Iech d’Adventszäit erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App  verséissen. Op all Adventssonndeg fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social Media Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt.        

Ëmfro – Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Et gëtt eng nei Ëmfro, bei där Är Ënnerstëtzung gefrot ass. D’Christina Schmidt vun der Universitéit Regensburg (an a Kooperatioun mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg) probéiert am Kader vun hirer Dokteraarbecht méi iwwert d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erauszefannen. Dobäi ass net nëmme d’Perspektiv vun deene gefrot, déi hei am Land…