Et ass erëm souwäit: Colloque vun der Luxemburgistik

Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vum geschriwwene Lëtzebuergesch an den digitale Medien, iwwer Sproochepolitik zu Lëtzebuerg an de fiktive Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur bis hin zur Visibilitéit vu Fraen an de Stroossennimm vum Grand-Duché. Wéi och d’lescht Semester…

Details

De Partizip Perfekt vun “ufänken”

Haut beschäftege mer eis mam Partizip Perfekt vun ufänken, woubäi mer eis dëst Verb souwuel am Bezuch op seng regional Verdeelung wéi och am Bezuch op seng Flektiounsendung ukucken.  Beim Item, deen dëser Auswäertung zu Grond läit, handelt et sech ëm eng Iwwersetzungsaufgab: “Letze Nacht hat es angefangen zu schneien.” Mir wollten deemno wëssen, wéi…

Details