D’Gei jéngt am Hämmelsmarsch – d’Etymologie vun ‚jéngen‘

Am lëtzebuergesche Linguistik-Cours hu mer haut versicht, d’Etymologie vum Verb jéngen ze ënnersichen. D’Verb ass mëttlerweil net méi sou vill am Gebrauch, mee et lieft awer op enger wichteger Plaz an der eelerer Literatur a besonnesch am Lidd vum Hämmelsmarsch (Michel Lentz) weider, wou et direkt am Ufank heescht: ‚T ass Kiermesdag an eng Gei jéngt muerges…

Details

Virschau op de Colloque interne vum 18. Oktober 2016

A sengem Virtrag nächsten Dënschdeg schwätzt de Christoph Purschke doriwwer, wéi däitsch Spriecher hir ënnerschiddlech Regionalsproochen ëmpfannen a beurteelen. Dobäi geet hien op d’Problematik an, wéi een esou eppes Subjektives ka methodesch ugoen a presentéiert Resultater dozou aus enger Froboustudie. Eng bësse méi detailléiert Beschreiwung zum Virtrag fannt Dir hei a senger Zesummefaassung, oder Dir kënnt –…

Details

Virschau op de Colloque interne vum 11. Oktober 2016

Nächsten Dënschdeg presentéiert de Cyril Wealer seng Fuerschung zum Lieseléieren am méisproochegen Ëmfeld Lëtzebuerg. Dobäi freet hie sech, wéi gutt eng lëtzebuergesch Virbereedung op d’Liesen an de Spillschoule funktionéiere kann, wann d’Alphabetiséierung am éischte Schouljoer op Däitsch geschitt. Hien analyséiert dofir Daten, déi hien a verschiddenen Aufgabe mat Spillschoulskanner während 12 Wochen gesammelt huet.  …

Details

Eis éischt Summerschoul iwwert d’Lëtzebuergescht – e Réckbléck

Vum 12. bis 16. September 2016 huet den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg eng Summerschoul iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert. Se war geduecht fir Leit, déi am Ausland Germanistik oder Linguistik studéieren a sech gär aus wëssenschaftlecher Perspektiv mam Lëtzebuergeschen auserneesetze wëllen. Um Programm stounge verschidde Beräicher: Sproochesituatioun (historesch an aktuell), Sproochstruktur…

Details