Lëtzebuergesch Mammesproochler gesicht!

Mäin Numm ass Maike Edelhoff an ech siche fir meng Dokteraarbecht nach Leit, déi Loscht hunn, fir bei menger Etüd matzemaachen. Wat ass de Sujet? Et geet ëm d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun der lëtzebuergescher Sprooch am Grand-Duché an de muselfränkeschen Dialekter op der däitscher Säit. Wéi gesäit d’Ëmfro aus? Et ass e schrëftleche Questionnaire (ca.…

Details

Réckbléck: De Colloque interne vum 15.12.2015 „Ist sie die erste ‚Offizéierin‘ oder ‚Offizéiesch‘? — Konkurrierende Movierungssuffixe im Luxemburgischen“

  Seet een éischter Offizéierin oder éischter Offizéiesch? Mat där Fro hunn sech d’Britta Weimann an d’Maike Edelhoff beschäftegt an hunn am Colloque hir Recherche an Iwwerleeungen dozou presentéiert. An hirem Titel ass rieds vu „konkurrierende Movierungssuffixe“. „Konkurrierend“ heescht an deem Fall, dass e Wuert ka méi wéi ee Suffix hunn an awer dat nämmlecht…

Details

Réckbléck: De Colloque interne vum 08.12.2015 „Dem Batty Weber säi Lëtzebuerg“

Am Colloque interne vum 8. Dezember 2015 huet d’Anne-Marie Millim de Batty Weber als Lëtzebuerger „Erzählhistoriker“ virgestallt. Hatt beschäftegt sech a sengem aktuelle Projet virun allem mam Weber sengem Feuilleton, dem „Abreisskalender“, dee vun 1913 bis 1940 deeglech an der „Luxemburger Zeitung“ gedréckt gouf an iwwer 7000 kuerz Texter ëmfaasst. Ennerstëtzt vu ville Weber-Zitater gouf…

Details

Den Apéro 2015: Vill Leit koumen „op e Patt mat der Luxemburgistik“

Och dëst Joer hate mer de Public nees invitéiert, fir eist Institut an eis Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuergescht virzestellen. Dës Kéier hate mer eng aner Formule gewielt: nodeems mer 2013 an 2014 samschdes moies op e Kaffi invitéiert haten, sollten d’Leit en Dënschdeg, de 24. November 2015, op e Patt laanschtkommen. Et gouf vill geschwat an…

Details

Nei Publikatioun iwwert d’Lëtzebuerger Méisprochegkeet

D’Ofkierzung GERFLINT steet fir Groupe d’études et de recherches pour le français langue internationale. Et ass eng Initiativ fir weltwäit d’wëssenschaftlech Publikatioun an Diskussioun innerhalb vun der Frankophonie ze förderen. Si gëtt vun der Fondation Maison des Sciences de l’Homme zu Paréis gedroen (Site vum GERFLINT) a gëtt ënner anerem wëssenschaftlech Zäitschrëften eraus, wéi z.B.Synergies…

Details