Réckbléck: De Colloque Interne vum 10.05.16: „Literaresche Wandel zu Lëtzebuerg – Eng theoretesch Approche

  Mat Bléck op de Lëtzebuerger Literaturbetrib vun de 60er a 70er Joren huet d’Fabienne Gilbertz de Phänomen ‚literaresche Wandel’ wëssenschaftlech erfaasst. Am éischten Deel vum Virtag gouf d’Ausernanersetzung tëschent der konservativer (Heimat-) Literaturproduktioun an engem neie Konschtverständnes unhand vun dräi Beispiller illustréiert:   d’Grënnung vu Literaturzäitschrëften an de 60er/70er Joren als Reaktioun op Dominanz…

Details

Réckbléck: De Colloque Interne vum 03.05.2016: „ah? oder ah! ‐ Lëtzebuergesch Intonatiounsmuster“

Wéi den éischten Deel vum Titel schonn undeit, goung et am Judith Manzoni sengem Virtrag ënnert anerem ëm den ‚melodeschen‘ Ënnerscheed tëschent verschiddene Saztyppen. Sou kann ee beispillsweis bei ah? eng steigend a bei ah! eng falend Tounhéicht héieren. Um Niveau vu ganze Sätz ass dat e bësse méi komplex a virun allem net esou…

Details

Neit Buch: Die Luxemburger Mehrsprachigkeit

Endlech ass d’Buch, dat den Andreas Heinz an ech iwwer d’Resultater vum Recensement geschriwwen hunn, do. D’Resonanz an der Presse war ganz gutt, beschränkt sech iewel noutgedrongen op ganz allgemeng Aspekter an dobäi hu mer wierklech mat villem Neiland betrueden: Diversitéitsindex Sproochlech Integratioun geographesch Verdeelung vun de Sproochen d’Schüler am Ausland d’Allophonen eng detailléiert Vue…

Details

Réckbléck: De Colloque interne vum 29.03.2016 : „Die Primärschulreform von 1912. Die Luxemburger Dreisprachigkeit nimmt ihre (vorläufig) definitive Form an“

D’Lëtzebuerger Dräisproochegkeet ass an der Periode vun 1841, wou de Lëtzebuerger Staat déi éischt eegestänneg politesch an administrativ Institutioune kritt huet, bis an d‘1920 er Joren, wou e sech no der Opléisung vum Däitsche Zollveräin wirtschaftlech huet missen nei opstellen, entstaan. Dës Thees probéiert de Fernand Fehlen ze beleeën, andeems en Diskussiounen ëm d’Primärschoulgesetz ënnersicht.…

Details

Réckbléck: de Colloque interne vum 5. Abrëll 2016

Den éischte Virtrag am Colloque interne fir dëst Semester hat den Titel „D’Perzeptioun vun de Lëtzebuerger Dialekter aus der Siicht vu linguistesche Laien. Eng empiresch Etude unhand vu Mental Maps“ a gouf vum Sara Martin, Masterstudentin an de Lëtzebuerger Studien, gehalen. Am Virtrag gouf eng empiresch Etude virgestallt, déi  sech mat Aussoe beschäftegt, wéi Laie…

Details