Neie lëtzebuergesche Sproochatlas online

‚t ass eis eng grouss Freed, no laanger Virbereedungszäit den neie lëtzebuergesche Sproochatlas unzekënnegen, deen an der éischter Phas online publizéiert gëtt. Den ‚ale‘ ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ datéiert an d’Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass also evident, datt sech d’Sprooch villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet. An dësem neien…

Details

Neies an der Schnëssen-App: Maacht mat!

Nom grousse Succès vun den éischte Ronne vun eiser Schnëssen-App an de leschten zwee Joer, si mir mëttlerweil scho bei der 7. Ronn vun eisen Erhiewungen iwwert den aktuelle Sproochgebrauch am alldeegleche Lëtzebuergeschen ukomm.Jiddereen, dee Spaass oder Interessi un der Sprooch huet, ka matmaachen. Dir sicht e klengen Zäitverdreif? Da maacht mat bei eiser Spezialeditioun zum Theema COVID-19 an der Schëssen-App. Et waarde…

Details

Virtuelle Colloque vun der Luxemburgistik – Summersemester 2021

Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vun der Normverhandlung a -verbreedung vum geschriwwene Lëtzebuergeschen, iwwer fiktiv Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur an d’Lëtzebuerger Futtballsprooch bis hin zur Sentimentanalys. Wéi och d’lescht Semester fënnt de Colloque online iwwer WebEx statt an…

Details

Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin?

Op dësem 3. Adventsweekend kucke mer eis erëm e ganz spezifescht Substantiv un a beliichten dëst aus ënnerschiddleche Perspektiven. An der App war follgende Saz ze iwwersetzen: Samedi, la bourgemestre a tenu un discours. An dësem Saz sinn natierlech erëm ganz vill Wierder immens spannend. Sot Dir Sam[ʃ]deg oder Sam[s]den, gehal oder gehalen, Buer[ʑ]ermee[ʃ]tesch oder Buer[j]ermee[s]terin? A jo, dir kënnt iech natierlech denken, wat mer eis haut…

Details